This is the Trace Id: 503264b26e6905a3cc3fd249606869a0
Bis Haaptinhalt sprangen Microsoft 365 Office Azure Copilot Windows Surface XBOX Ënnerstëtzung Windows Apps OneDrive OneNote PCen / Tablets Xbox Spiller PC Spiller Microsoft AI Microsoft Security Azure Dynamics 365 Microsoft 365 fir Groussentreprisen Microsoft Power Platform Windows 365 Developer Center Dokumentatioun Microsoft Learn Microsoft Tech Community Azure-Maartplaz AppSource Visual Studio Gratis Downloads an& Sécherheet Edukatioun All Microsoft

Microsoft® Office Language Interface Pack 2013 – Lëtzebuergesch

Microsoft Office Language Interface Pack 2013 - Lëtzebuergesch bitt en iwwersate Benotzer-Interface fir vill vun de Microsoft Office 2013-Applikatiounen.

Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.

  • Versioun:

    2013

    Publizéierungsdatum:

    10.10.2023

    Fichiersnumm:

    languageinterfacepack-x64-lb-lu.exe

    languageinterfacepack-x86-lb-lu.exe

    Fichiersgréisst:

    13.4 MB

    13.3 MB

      Microsoft Office Language Interface Pack 2013 - Lëtzebuergesch bitt en iwwersate Benotzer-Interface fir folgend Microsoft Office 2013-Applikatiounen:

    • Microsoft Excel® 2013

    • Microsoft OneNote® 2013

    • Microsoft Outlook® 2013

    • Microsoft PowerPoint® 2013

    • Microsoft Word® 2013


    • Duerch d'Benotze vum Microsoft Office Language Interface Pack 2013 - Lëtzebuergesch, kënne Benotzer an der ënnerstëtzter Originalinstallatiouns-Sproocheversioun vun den Office-Applikatioune schaffen a sech Befeeler an Optioune fir dës Applikatiounen an - Lëtzebuergesch ukucken.

      Während der Installatioun vum Microsoft Office Language Interface Pack 2013, gi Fichieren, déi et dem Benotzer erméiglechen, d'Sprooch vum Benotzer-Interface z'änneren, op d'Zilfestplack kopéiert. No der Installatioun si Microsoft Office Language Interface Pack 2013 - Lëtzebuergesch-Fäegkeeten an entspriechend Optiounen aus Office 2013-Applikatiounen an der Microsoft Office 2013-Sproocheparameteren-Optiounen eraus disponibel.
  • Ënnerstëtzt Betribssystemer

    Windows 7, Windows 8

      Microsoft Windows 7 - 32 oder 64-Bit Betribssystem
      Microsoft Windows 8 - 32 oder 64-Bit Betribssystem
      Notiz: Stellt w.e.g. sécher, datt Dir déi aktuellst Service-Päck fir Äert Betribssystem installéiert, fir déi optimal Ënnerstëtzung fir Är Sprooch ze garantéieren.

    Software Iergendeng Versioun aus der Office 2013-Produktfamill oder Eegestänneg Software, déi Microsoft Excel, Microsoft OneNote, Microsoft Outlook, Microsoft PowerPoint oder Microsoft Word enthält oder de Microsoft Office Language Interface Pack 2013 - Lëtzebuergesch ënnerstëtzt. Notiz: Stellt w.e.g. sécher, datt Dir déi aktuellst Microsoft Office Service-Päck fir Är Microsoft Office-Produkter installéiert. Dat garantéiert eng besser Benotzerexperienz.

    Computer a Prozesser 1 GHz-Prozesser mat SSE2-Ënnerstëtzung oder méi héich; 2 GB RAM oder méi héich

    Festplacksspäicherplaz Zousätzlech zur Festplacksspäicherplaz, déi vun Office 2013-Applikatioune benotzt gëtt,
  • 3 GB disponibele Festplacksspäicherplaz.

  • All aner Systemufuerderunge sinn déi selwecht, wéi déi fir Office 2013-Applikatiounen, déi Dir mat dem Microsoft Office Interface-Pack 2013 - Lëtzebuergesch benotzt.


  • Windows Language Interface Pack Et gëtt empfuel, déi aktuellst Windows 7 oder Windows 8-Sproochen-Interface-Päck z'installéieren, fir eng optimal Sproochenënnerstëtzung fir Äert Betribssystem an Är Software-Applikatiounen.

    Schiermopléisung an DPI-Parameteren Et goufe vill Schrëfte geschaf, fir bei enger Opléisung vun 1366 x 768 optimal ze liesen. Wann Dir Schwieregkeeten hutt, Är Sproocheschrëft ze liesen, aktualiséiert w.e.g. Är Schiermparameteren un dës Opléisung oder méi héich, falls noutwenneg. Et sief ugemierkt: Mir empfielen, datt Dir d'Office 2013-Applikatiounen mat dem Windows-Standard-DPI-Parameter - 96 DPI - benotzt. D'Benotzung vum 120-DPI-Parameter kann zu enger schwaacher Office-Benotzerexperienz an e puer Office-Applikatioune féieren, andeems Office-Dialoggréissten vergréissert ginn.

    Regional a Sproochenoptiounen Zousätzlech gëtt empfuelen, datt all Regional a Sproochenoptiounen am Kontrollpanneau un d'Sprooch vum Microsoft Office Language Interface Pack 2013 – Lëtzebuergesch ugepasst ginn.

  • Fir dësen Download z'installéieren:
    1. Luet de LanguageInterfacePack.exe -Fichier erof, andeems Dir op den Download-Knäppchen (uewen) klickt an den Fichier op Ärer Festplack späichert.
    2. Duebel-klickt op de LanguageInterfacePack.exe Programmsfichier op Ärer Festplack fir de Setup-Programm ze starten.
    3. Befollegt d'Instruktiounen um Schierm, fir d'Installatioun ofzeschléissen.
    4. Soubal installéiert, kann de Readme-Fichier fir Äre Microsoft Office 2013 Language Interface Pack op C:\Program Files\Common Files\microsoft shared\OFFICE15\1134\LIPread.htm fonnt ginn.
    5. D'Upgradë vun Office 2010 mam Office 2010 Language Interface Pack oder enger fréierer Editioun op Office 2013 mam Office 2013 Language Interface Pack gëtt net ënnerstëtzt. Wann Dir Är Grondinstalltioun vun Office 2010 op Office 2013 mam Office 2013 Language Interface Pack upgrade wëllt, sollt Dir:
      • Den Office 2010 Language Interface Pack desinstalléieren.
      • Den Office 2013-Setup ausféieren an d'Upgrade-Optioun wielen.
      • Wann den Office 2013-Setup ofgeschloss ass, installéiert a konfiguréiert den Office 2013 Language Interface Pack.



    Aktivéierung vun Ärem Office-Produkt:
    Wann Dir Schwieregkeeten hutt, de ganzen Installatiounscode um "Microsoft Office Aktivéierungsassistent"-Dialog ze liesen, oder de ganzen Installatiounscode net richteg affichéiert gëtt, wann Dir de Microsoft Office Language Interface Pack 2013 benotzt, briecht den Assistent w.e.g. of a wiesselt op Äre Grondsprooch Produkt fir Äre Microsoft Office-Produkt.

    Benotzungsinstruktiounen:
    Fir Äre Benotzer-Interface zu der Sprooch vum Microsoft Office Language Interface Pack 2013 – Lëtzebuergesch ze wiesselen, befollegt dës Schrëtt:

    1. Start d' Microsoft Office 2013 Sproochepreferenzen aus dem Start\All Programs\Microsoft Office\Microsoft Office Tools- Menu.
    2. Ënner Wielt Affichages- an Hëllefssproochen, ënner Affichagessprooch wielt déi erfuerderlech Sprooch a klickt op den Als Standard Festleeën-Knäppchen.
    3. Ënner Eng Editéier-Sprooch Wielen, wielt déi erfuerderlech Sprooch a klickt op den Als Standard Festleeën-Knäppchen.
    4. Klickt op den OK-Knäppchen.


    D'Sproocheparameteren, déi Dir gewielt hutt, trieden déi nächst Kéier a Kraaft, wou Dir Är Office-Applikatioun start.
    Notiz: D'Hëllef kann net zur Sprooch vum Microsoft Office Language Interface Pack 2013 – Lëtzebuergesch gewiesselt ginn. D'Hëllef bleift ëmmer an der Sprooch vun der Originalinstallatioun.
    Stellt Är Affichage-Hëllef an der Erofklapplëscht ëmmer op dës Grondsprooch an.

    Fir dësen Download ewechzehuelen:
  • Verloosst all Microsoft Office-Programmer.
  • Duebel-klickt op d'Programmer a Featuren- Symbol am Windows-Kontrollpanneau.
  • Klickt an der Desinstalléieren oder E Programm Änneren-Optioun op Microsoft Office Language Interface Pack 2013 – Lëtzebuergesch am Aktuell installéiert Programmer- Feld, a wielt dann d'Desinstalléieren-Optioun.
  • Befollegt d'Instruktiounen um Schierm.

  • Lëtzebuergesch (Lëtzebuerg)
    D’Ikon fir Iech aus Ären Dateschutz-Choixen aus- oder unzemellen Är Choixen zum Dateschutz
    Clients-Dateschutz Contact Microsoft Privacy & Cookies Manage cookies Terms of Use Trademarks About our ads