This is the Trace Id: 63548a485e1422c0a44b797186be1f2c
Bis Haaptinhalt sprangen Microsoft 365 Office Azure Copilot Windows Surface XBOX Ënnerstëtzung Windows Apps OneDrive OneNote PCen / Tablets Xbox Spiller PC Spiller Microsoft AI Microsoft Security Azure Dynamics 365 Microsoft 365 fir Groussentreprisen Microsoft Power Platform Windows 365 Developer Center Dokumentatioun Microsoft Learn Microsoft Tech Community Azure-Maartplaz AppSource Visual Studio Gratis Downloads an& Sécherheet Edukatioun All Microsoft

Microsoft Office Iwwerpréiwungsgeschir 2013 - Lëtzebuergesch

Microsoft Office Iwwerpréiwungsgeschir erméiglecht d'Éditéieren an zousätzleche Sproochen.

Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.

  • Versioun:

    2013

    Publizéierungsdatum:

    29.1.2020

    Fichiersnumm:

    proofingtools_lb-lu-x64.exe

    proofingtools_lb-lu-x86.exe

    Fichiersgréisst:

    1.0 MB

    989.4 KB

    Wëllt Dir d'Orthographie fir eng Sprooch iwwerpréiwen, déi net automatesch vun Office installéiert gouf? Dir sidd hei richteg. Microsoft Office Iwwerpréiwungsgeschir inkludéiert de vollstännege Saz un Korrekturhëllefen, déi fir Office an dëser Sprooch disponibel sinn. Installéiert einfach Office a start en nei, an d'Korrekturhëllefe fir Är Sprooch kënnen da genotzt ginn.
  • Ënnerstëtzt Betribssystemer

    Windows 7, Windows 8, Windows Server 2008 R2

    Dësen Download funktionéiert mat de folgende Programmer:
    Microsoft Office Excel 2013
    Microsoft Office OneNote 2013
    Microsoft Office Outlook 2013
    Microsoft Office PowerPoint 2013
    Microsoft Office Word 2013
  • Fir dësen Download z'installéieren:
    Installéiert d'Korrekturhëllefen:


    1. Luet de Fichier erof, andeems Dir op den Download-Knäppchen (uewen) klickt, an de Fichier op Ärer Festplack späichert.
    2. Féiert de Setup-Programm aus.
    3. Kuckt Iech op der Säit D'Microsoft Software-Lizenzbedéngungen d'Bedéngungen un, klickt d'Checkbox "Hei klicken, fir d'Microsoft Software-Lizenzbedéngungen z'acceptéieren" un, a klickt dann op Weider.
    4. De Setup-Assistent féiert d'Korrekturhëllefen aus an installéiert se.
    5. Start Är oppen Office-Applikatiounen nei, nodeems d'Installatioun ofgeschloss ass.


    Benotzungsinstruktiounen: Benotzt d'Korrekturhëllefen einfach sou, wéi Dir et normalerweis maacht - Dir sollt se elo fir Är nei installéiert Sprooch gesinn. Dir kënnt zum Beispill elo Är Iwwerpréiwungssprooch op déi nei Sprooch festleeën, fir d'Orthographiesiwwerpréiwung ze benotzen (wann disponibel) - fir gewuer ze ginn, wéi Dir dat maache kënnt, kuckt Iech Tëscht verschiddene Sprooche wiesselen, andeems d'Iwwerpréiwungssprooch festgeluecht gëtt

    Fir dësen Download ewechzehuelen:
    1. Fuert am Start-Menu mat der Maus iwwer Parameteren a klickt dann op Kontrollpanneau.
    2. Duebelklickt op Programmer Derbäisetzen/Ewechhuelen.
    3. Wielt an der Lëscht vun den aktuell installéierte Programmer, d'Microsoft Office Iwwerpréiwungsgeschir 2013 - Lëtzebuergesch a klickt dann op Desinstalléieren, Ewechhuelen, oder Derbäisetzen/Ewechhuelen. Wann en Dialogfeld opschéngt, befollegt d'Instruktioune fir de Programm ewechzehuelen.
    4. Klickt op Jo oder OK, fir ze confirméieren, datt Dir de Programm ewechhuele wëllt.